Elo wou se méi grouss sinn: “Kuck, ech si geschwë méi grouss ewéi Du!”
Wéi dacks hu se dat Bedierfnes geäussert, gesinn, gehéiert, geschat ze ginn?
Hinne Komplimenter ze maachen a se ermonteren, ouni et z'iwwerdreiwen, positiv a gläichzäiteg realistesch sinn, et ass einfach eng Fro vun Opmierksamkeet.
Ech muss zouginn, dass ech mech dacks dozou verleede gelooss hunn, nëmme mat engem Ouer nozelauschteren an z'äntweren: “Du bass groussaarteg”.
Awer dunn hunn ech verstanen, dass e bësse méi Opmierksamkeet an eng ugemooss Bemierkung mat enger positiver Äntwert an der richteger Doséierung e groussen Ënnerscheet mécht. Den Ënnerscheet gesinn a verstoe se, se gesinn, dass mir se wierklech schätzen..
Wierklech opmierksam dofir ze sinn, wat se eis weise wëllen, dat ass de Grondprinzip vu Family Pact.
Family Pact ass elo e Rendez-vous fir eis, wa mir dozou Loscht hunn, fir objektiv hire Fortschrëtt ze bewäerten an ze kucken, wat nach erleedegt muss ginn an, virun allem, se wäertzeschätzen.