Lueden am Gaangen ...
Family Pact Icon

Eng Familljegeschicht
De Blog vu Family Pact

Kann ee soen, dass mir d'Kanner “bezuelen”, wa mir se belounen, wa se eppes schaffen?

Sinn ech onmoralesch? Sinn ech schwaach?
Mir kafen d'Kanner net, mir erzéie se.
Eng gutt Erzéiung bedeit, dass se mathëllefen a sech respektvoll, spontan an natierlech verhalen.

Averstanen. Et ass awer esou, dass tëschent eise Wäerter an der Realitéit e risegen Ënnerscheet besteet.
Ech mierke virun Allem, dass dat, wat funktionéiert huet, wéi se 5 Joer al waren, net méi funktionéiert, wa se 8 oder 10 Joer al sinn.

Also geet d'Sich no Informatiounen vu vir lass an natierlech gëtt et ëmmer e vir an dowidder.
Bestëmmt Fachleit lueden eis an, d'Belounung ze bevirzuchen, därbaants anerer dat als Erpressung ugesinn.

Wat ech wierklech weess, ass, dass meng Jonge motivéiert sinn, sech alldeeglechen Aufgaben unzehuelen, wann ech mech och op si aloossen.
An no hirem Wonsch no méi Stonnen um Computerstonnen hu se mir och nach aner “Beloununge” virgeschloen:
  • “Mamm, komm mech dach méi dacks Foussball spille kucken”,
  • “Gi mir zesummen an de Kino”,
  • “Fir e Samschdeg plange mir fir alleguerten en Dag an der Schwämm an!”,
  • ...

Meng Schlussfolgerung ass einfach:
  • Méi Zäit mat hinnen ze verbréngen,
  • hinnen Unerkennung ze zollen
  • a se heiansdo materiell ze verwinnen – wat ech jo och schonn esou maachen.

All Artikelen

Ganz nei !

Publizéiert den vum

Well d’Elteren eis gefrot hunn, dat selwecht Zil méi Kanner gläichzäiteg ze setzen, hu mir dat elo geännert.
Liest méi

Kann e Geschir eis Kanner erzéien?

Publizéiert den vum

Wann Dir de mega Multifunktiounsroboter kaaft, deen Dir Iech schonn zënter 3 Joer wënscht, mengt Dir, dass en Iech och d'Geméis botzt, et schielt an bis an de Schäffche bréngt?
Liest méi

Jiddweree sicht no Unerkennung.

Publizéiert den vum

Wéi se kleng waren: “Mamm kuck wéi séier ech lafe kann!”, “Papp, gesäiss Du wéi héich ech sprange kann!”
Elo wou se méi grouss sinn: “Kuck, ech si geschwë méi grouss ewéi Du!”
Liest méi

Firwat esou vill Stress fir all Schoulufank?

Publizéiert den vum

Tëschent dem ze kafende Schoulgezei, den ze befollegende Stonnepläng, den z'organiséierenden ausserschouleschen Aktivitéiten an all de gudde Virsätz ass de Stress vum Schoulufank d'Haaptthema.
Liest méi

Firwat Angscht hu virun den neien Technologien?

Publizéiert den vum

Kommt mir ginn zeréck bei d’Iddi mat dem Punktentableau, deen d’Kanner, am Ufank vu Family Pact, gemoolt hunn.
Si soe mir déi ganzen Zait datt ech am Mëttelalter gebuer gouf a froe mech ob et schons de Fernseh gouf zu menger Zäit. Elo huelen ech also meng Revanche...
Liest méi

Deal!

Publizéiert den vum

“Ärem Kand jee no erfëllbaren Ziler gëeegent Belounungen unzebidden, hëlleft him sech z'entwéckelen an zu engem ausgeglachenen an gesonden Erwuessenen ze ginn”, seet den Dokter David Fassler.
Liest méi

Bedeit erzéien, ze verhandelen?

Publizéiert den vum

Ech hunn alles gelies! Dolto, Almos, Rufo... Positiv Erzéiung, vertikal Erzéiung, Rotschléi vu menger Mamm, menge Frëndinnen.
Ok, da si mir alt pragmatesch!
Liest méi

D'Erzéiung vun de Kanner ass net ëmmer einfach!

Publizéiert den vum

Déi klassesch Situatioun ass, dass ee mat 2 klenge Kanner e bëssen iwwerfuerdert ass. Dat kennen ech!
Virun allem dat Gefill net ëmmer nozelauschteren a gläichzäiteg net gehéiert ze ginn.
Do misst engem dach eppes afalen...
Liest méi