Wann Dir hinne Nuddele maacht, frot Dir iech bestëmmt och, ob der genuch gekacht hutt oder ob dee ganze Plat Nuddelen an zwou Sekonnen verschwonnen ass?
M jo, am Alldag, kann dat eis mat allem passéieren, wat mir hinnen dohinner setzen. Hinnen ze vill ginn, ass net gutt. Hinnen net genuch ginn, ass net besser.
Wéi kënnt Dir erausfannen, wéi et richteg ass, an dëst mat Ären Moyenen? Hei e puer Tippen:
Regel Nummer 1 vum Familljecomité vu Family Pact:
Fir d’éischt sech ëmmer froen, ob d’Kanner dat unbedéngt brauchen (esou wéi mäi Mann virun engem Dëppen Nutella, brauch hien dat wierklech ??)
Regel Nummer 2 vum Familljecomité vu Family Pact:
Hinnen öfters eng kleng Freed maachen (e besse Léift an dëser béiser Welt)
Regel Nummer 3 vum Familljecomité vu Family Pact:
Eise Kanner bäibrengen ze deelen an deenen aneren matzeginn. Dat mécht glécklech am Liewen.
Eis Kanner wuessen an enger Konsumgesellschaft op.
Mir kënne hinne bäibréngen, och mat Klengegkeete glécklech ze sinn, ouni ze iwwerkonsuméieren, an déi aner mat op dëse Wee ze huelen.