Grad elo, an der Zäit viru Chrëschtdag, komme mir schnell zu der Erkenntnes, datt eis Kanner ze vill verwinnt ginn, wa mir net oppassen.
All déi Kataloge mat de Spillsaachen, alles schéin a gutt. De Bréif un de Kleeschen oder d’Chrëschtkëndchen, wéi léif. D’Reklammen um Fernseh doen si dreemen an sech alles Méigleches wënschen.
Mee dat ass kee Grond fir sech frenetesch an een Akafsrausch ze stierzen. Well wann eis Kanner ze vill verwinnt ginn, dann ass dat eis, den Erwuessenen hir Schold (d’Bomaen an d’Bopaen abegraff).
Oder wat mengt Dir ?
Dobäi muss ech un een Ufängerfeeler vu mengem Mann denken, den eisem éischte Jong een Autoscircuit geschenkt huet, dobäi hat dee Klenge knapps ee Joer !
Bësse fréi oder net ? Mir hunn awer schnell aus dësem Feeler geléiert.
Schlussendlech, hu mir eise Kanner vertraut an hinne gehollef hir wierklech Wënsch auszedrécken. Mir hu schnell erausfonnt dass si ganz verständlech kënne sinn, an net esou vill verlaangen, wéi mir ëmmer mengen.
D’Magie vu Chrëschtdag kënne mir och an hir Aen zauberen, andeems mir hinnen dat schenke wat si sech wierklech wënschen, andeems mir si mat Klengegkeeten iwwerraschen an si mat vill Léift an e bësse vun eiser Zäit verwinnen.
An dësem Sënn, wënschen ech Iech an Ärer Famill besënnlech a schéi Feierdeeg !