Dat ass éischter mäi Mann !
Wéi kënne mir eise Kanner mam gudde Beispill virgoen ? Mir beschwéiren eis andauernd datt si zevill op hiren Ecraen sinn !
Majo, ech probéieren Efforten ze maachen an Family Pact hëlleft mir esouguer dobäi andeems en mech u meng gutt Virsäz erënnert.
Et ass ganz wichteg, glafwierdeg ze sinn virun eise Kanner.
Mir kënnen hinnen net soen datt si maximum 2 Stonnen op Youtube surfen oder mat der Playstation spillen dierfen, wann ech selwer déi ganzen Zäit op mengem Handy hänken a mäi Mann alt erëm en neit Duerf op Clash of Clans baut !
Et schéngt onméiglech datt grad eng App wéi Family Pact eis dobäi hëlleft, eis digital Ofhängegkeet ze bekämpfen, mee ech verspriechen Iech, et ass wouer (grousst Indianerversprieche vun enger handysüchteger Mamm) !
Well mat Family Pact ka sech d’ganz Famill engagéieren, de Verbrauch vun den Ecraen ze kontrolléieren an ze reduzéieren. Iwwregens, mir sinn elo ganz houfreg op eis selwer, wa mir an de Restaurant ginn an um Dësch niewendrun, eng Famill mat Kanner sëtzt, a jiddferen op sengem Handy spillt. Mir begléckwënschen eis selwer datt mir ouni Handy eis kënnen ënnerhalen.
De Vivien an de Victor pësperen a maache kleng Remarken wéi “...hues du si gesinn, si sinn um Handy...” a sinn da ganz stolz op hir Efforten.
Mee mir wëssen awer och datt mir zesummenhalen an dru schaffen mussen, fir net erëm an eis al Gewunnechten zeréckzefale !