Lueden am Gaangen ...
Ikone von Family Pact

Eng Familljegeschicht
De Blog vu Family Pact

Tëschtent Magie an Enttäuschung, Kapp héich !

Ass et Iech och scho virkomm, datt Dir wierklech dru gegleeft hutt ?
Gegleeft hutt, dass Är Kanner wonnerbar a formidabel sinn.... ?

Jo, dat ass mir och scho passéiert, an et geschitt mir ëmmer erëm.
Mee mëttlerweil ginn ech heiandsdo op Distanz mat menger Begeeschterung zumools wann ech hinne schon erëm soe muss, datt si och hir Hoer wäsche sollen!

De Vivien an de Victor waren déi éischt Béta -Testpersoune vu Family Pact. Oh, wat waren dat magesch Momenter :
Déi frësch gemaachte Better moies iert mir an d’Schoul gaange sinn.
Oder dee schéi gedecktenen Dësch mat frësch geplécktene (ofgerapptene ?) Blimmecher. An och d’Käerzen hu net gefeelt (selbstverständlech net ugefaangen).
An dann all déi héiflech “merci Mamm” a “merci Papp”... Wonnerbar ! Mir kruten ess net genuch !

An dann, e puer Deeg méi spéit, falen mir aus alle Wolleken : Generalstreik, Gehälterfuerderungen an Erpressung vum Feinsten.
Wat ? Wou si meng zwee kleng Engelen hinn ? Si sinn elo guer net méi wonnerbar a hu sech a Weltmeeschter an der Erpressung transforméiert. Kënnt Iech dat bekannt fir ?

Mee net mat mir ! Eng Diskussioun op Aenhéicht muss hir ! Esou richteg op engem festen, bësse streng-feierlechen Toun (dat funktionéiert meeschtens ganz gutt), ginn ech hinnen ze verstoen :
Family Pact hinn oder hir, si musse léiere selbstänneg a respektvoll ze sinn. Si wëlle jo schliisslech net zwee Wëller ginn, déi knaschteg ronderëm lafen a keng Kollegen hunn, well se sech net ze behuele wëssen.
Mat Family Pact gesi mir eise Kanner hir Efforten an ëmgedréint gesinn eis Kanner wat mir all Dag fir si maachen.
Family Pact gëtt eis den Impuls zesummen ze diskutéieren an eise Kanner ze erklären firwat een sech esou oder anescht behuele soll. Gutt Aktiounen an Efforten gi belount.
Ouni automatesch all Kéiers an de Mechanismus vun der Erpressung an de Verhandlungen ze falen.
Ass et dat wat dir wëllt ?

Voilà, op eemol ass de magesche Moment erëm do an et heescht erëm : “ok ok Mamm, ech hu verstanen. Gëff mir deng Posch, ech raumen se an de Schaf...”

All Artikelen

Ganz nei !

Publizéiert den vum

Well d’Elteren eis gefrot hunn, dat selwecht Zil méi Kanner gläichzäiteg ze setzen, hu mir dat elo geännert.
Liest méi

Kann e Geschir eis Kanner erzéien?

Publizéiert den vum

Wann Dir de mega Multifunktiounsroboter kaaft, deen Dir Iech schonn zënter 3 Joer wënscht, mengt Dir, dass en Iech och d'Geméis botzt, et schielt an bis an de Schäffche bréngt?
Liest méi

Jiddweree sicht no Unerkennung.

Publizéiert den vum

Wéi se kleng waren: “Mamm kuck wéi séier ech lafe kann!”, “Papp, gesäiss Du wéi héich ech sprange kann!”
Elo wou se méi grouss sinn: “Kuck, ech si geschwë méi grouss ewéi Du!”
Liest méi

Firwat esou vill Stress fir all Schoulufank?

Publizéiert den vum

Tëschent dem ze kafende Schoulgezei, den ze befollegende Stonnepläng, den z'organiséierenden ausserschouleschen Aktivitéiten an all de gudde Virsätz ass de Stress vum Schoulufank d'Haaptthema.
Liest méi

Firwat Angscht hu virun den neien Technologien?

Publizéiert den vum

Kommt mir ginn zeréck bei d’Iddi mat dem Punktentableau, deen d’Kanner, am Ufank vu Family Pact, gemoolt hunn.
Si soe mir déi ganzen Zait datt ech am Mëttelalter gebuer gouf a froe mech ob et schons de Fernseh gouf zu menger Zäit. Elo huelen ech also meng Revanche...
Liest méi

Deal!

Publizéiert den vum

“Ärem Kand jee no erfëllbaren Ziler gëeegent Belounungen unzebidden, hëlleft him sech z'entwéckelen an zu engem ausgeglachenen an gesonden Erwuessenen ze ginn”, seet den Dokter David Fassler.
Liest méi

Bedeit erzéien, ze verhandelen?

Publizéiert den vum

Ech hunn alles gelies! Dolto, Almos, Rufo... Positiv Erzéiung, vertikal Erzéiung, Rotschléi vu menger Mamm, menge Frëndinnen.
Ok, da si mir alt pragmatesch!
Liest méi

D'Erzéiung vun de Kanner ass net ëmmer einfach!

Publizéiert den vum

Déi klassesch Situatioun ass, dass ee mat 2 klenge Kanner e bëssen iwwerfuerdert ass. Dat kennen ech!
Virun allem dat Gefill net ëmmer nozelauschteren a gläichzäiteg net gehéiert ze ginn.
Do misst engem dach eppes afalen...
Liest méi